OGBLRegierung muss dës Legislaturperiod eppes géint déi "kal Progressioun" maachen

RTL Lëtzebuerg
Weider Sujeten am Nationalcomité vum OGBL waren d'Logementskris an den Accord salarial an der Fonction publique.

Comité OGBL / Reportage Claudia Kollwelter

Déi kal Progressioun* muss direkt gestoppt ginn”, dat huet d’Presidentin vum OGBL Nora Back op enger Pressekonferenz betount, déi am Uschloss vun hirem nationalem Comité war. D’Regierung misst elo agéieren an nach dës Legislaturperiod eppes maachen. Den OGBL huet an deem Kontext och wëlles, am Januar eng Campagne ze lancéieren.

Anere Sujet war zum Beispill d’Logementskris. Et misst een onbedéngt géint d’Spekulatioun um Wunnengsmaart virgoen, wat dem OGBL no awer mam Impôt foncier net genuch geschitt.

Och den Accord salarial vun der Fonction publique gouf ugeschwat, deen e Freideg ënnerschriwwe gouf a mat deem den OGBL komplett iwwerrascht gi wier. Et kéint net sinn, datt d’Gewerkschaft do net mat bei de Negociatioune war, an et géif fir déi nächst Verhandlunge kee Wee laanscht den OGBL féieren, huet d’Presidentin Nora Back nach betount: Onofhängeg vun deem, wat am Resultat steet, musse mer soen, datt mer e massive Problem mam demokrateschen Verständnis vun deene Kollektivvertragsverhandlungen hunn. Dat geet net, datt ass inacceptabel an et ass fundamental ondemokratesch, datt d’Regierung déi Gewerkschaft ausschléisst, déi d’Leit vertrëtt. Mir vertrieden insgesamt méi Leit, wéi d’CGFP, wann ee just d’Fonction publique hëlt, well mir all déi Leit vertrieden, déi direkt oder indirekt dovun ofhänken, wat am Accord salarial verhandelt gëtt.

Extrait Nora Back

D’Diskussioun ronderëm de gedeckelten Index kéim ëmmer erëm op, huet d’Presidentin vum OGBL Nora Back bedauert. Et wier déi falsch Diskussioun: Dat ass e populistescht Argument, fir iergendwou de System ze attackéieren. An et gëtt jo net gesot, datt d’Leit duerch e gedeckelten Index dovun iergendee Cent méi hätten. Et ass net, wéi wann een den Index deckelt, an den ënneschten oder mëttele Gehaltsschichten iergendeen eppes méi dovun hätt. Dat muss een och eng Kéier betounen.

*Ënner kal Progressioun versteet een, datt d’Leit duerch Haussen an der Pai, egal wéi déi entstinn, méi Steiere musse bezuelen, d’Steiertabell awer net un Haussë vun de Präisser an Tariffer, sief dës duerch Inflatioun oder aner Erhéijungen, ugepasst gëtt. Esou hunn d’Leit zwar brutto méi an der Pai, netto awer duerch déi méi Steieren an d’Präishaussë manner am Portmonni.

Back to Top
CIM LOGO