Gefor fir d'DéierenRéi bleiwen am Drot hänken a stierwen

Monique Kater
Um Site vun der fréierer Bauschuttdeponie bei Helleng soll all onnëtzen Drot verschwannen.
Réi bleiwen am Drot hänken a stierwen
Um Site vun der fréierer Bauschuttdeponie bei Helleng soll all onnëtzen Drot verschwannen. Dësen ass fir d’Wëld potentiell liewensgeféierlech.

Um Site vun der fréierer Bauschuttdeponie bei Helleng soll all onnëtzen Drot verschwannen. Esou fir d’Wëld potentiell liewensgeféierlech Fale ginn et am ganze Land.
Wëld dat sech an engem Drot verfaangen huet, well et gehetzt ginn ass a vum selwen net méi lass kënnt, bis d’Déier dann op der Plaz stierft oder erléist gëtt. Esou Zeenen hunn déi meescht vun eis – glécklecherweis - nach net gesinn. Wat awer net heescht, dass et därer hei am Land keng gëtt!

Op engem Juegdlous laanscht d’A13, bei der Sortie Helleng, ass d’Natur amgaange sech hir Plaz op der Bauschuttdeponie, déi zënter 2018 zou ass, erëm ze huelen. De Propriétaire a Bedreiwer vum Site huet misse kompenséieren. Hien huet laanscht de Bësch nei ugeplanzt a léist Schof als nohalteg Méimaschinnen eran. Dass déi net sollen op d’Autobunn lafen versteet een an och, dass d’Wëld déi jonk Beem net soll ewech friessen. Anzénken also Jo! Mä bei dësem Drot (Ursus) gëtt et e Problem! De Claude Origer, responsabel fir d’Juegd am Emweltministère, erkläert, nodeems hie sech den Dag virun eisem Tournage de Site ugekuckt huet, dass hei misste Léisunge fir d’Sécherheet vun den Déiere fonnt ginn.

D’Sécherheet vun den Déieren: éischt Prioritéit!

“D’Zil ass, dass hei kee Réi méi an engem Drot hänke bleift”, sou de Claude Origer.
An de leschten zwee Joer wier dat ëmmer erëm geschitt, hate Jeeër eis erzielt. Si hunn dem Ministère Zeene gewisen, déi mam Handy gefilmt waren, vu Réi, déi an der Hetz versicht hätten, heiriwwer ze sprangen a mam Laf respektiv dem Gewei hänke bliwwe sinn. Ze uerg Biller fir se ze weisen. Et hätt een elo mam Proprietär den Accord fonnt, dass bannent 2 Wochen all onnéideg Clôturen ewech kéimen. Déi eng sollten zwar de Weier um Fouss vun der Deponie sécheren, mä et wier net noutwendeg, hei d’Wëld ewech ze halen. D’Clôture laanscht d’Autobunn géif, nieft dem Maschendrot vu Ponts et Chaussée, aus Sécherheetsgrënn bestoe bleiwen. Déi géifen op 70 Zentimeter ofgepëtzt, fir dass e Réi nach driwwer kéim, ouni sech ze blesséieren, d’Schof awer net!

De potentiel geféierlechen Ursus-Drot ronderëm déi jonk Beem bleift stoen

Just de Passage fir d’Wëld géif méi breet gemaach, präziséiert de Michel Leytem, Chef d’arrondissement, bei der Naturverwaltung (anf). Am Kontext vun de geplangte Wëldbrécken iwwer d’A3 an d’ A13 wier dat wichteg, seet de Chef-Fierschter, deen donieft weess, dass och si genee dësen Ursus-Drot opriichten, an an och nieft Bëscher mat där Barrière schaffen, fir de Jonke Bësch opzekréien.

Hëlzen “Hordengatter” als Alternativ – net genuch genotzt?

Et géing een haut ëmmer méi op de Wee, Holz fir de Bau vu Gatter ze benotzen. Eis Wëldbestänn wieren nu mol ze héich seet den Expert an erkläert, dass fir méi kleng Parzellen ganz kloer op hëlze Late gesat géif, bei méi groussen Arealer kéint een net ausschléissen dass d’anf awer nach heiansdo mat Ursus-Drot géing schaffen.
Den “Heiansdo” woe mir a Fro ze stellen, well een dee potentiell geféierlechen Ursus bal iwwerall begéint – opgeriicht souwuel vu Privat-Leit wéi och vum Staat.

Link: Artikel an der Aargauer Zeitung
Link: Artikel op Blick.ch
Link: Artikel um ndr

Back to Top
CIM LOGO