
E Méindeg goung elo nach emol an den zoustännege Kommissiounen iwwer dee Sujet rieds. Kloer ass an dat huet de Sozialminister Haagen nach emol ënnerstrach, datt au contraire zu de Remboursementer vun der Psychotherapie, d’Psychologe-Consultatiounen net zeréckbezuelt ginn.
D’Deputéiert hu sech e Méindeg dann och absënns ëm d’psycho-sozial Betreiung vun de Schüler an de 40 Lycéeën am Land duerch d’SEPASen interesséiert - ee Service, deen duerch en neie Gesetzesprojet nach weider soll verbessert a méi gerecht an inklusiv ginn, dat ënnert anerem duerch Horairë baussent de Schoulzäiten.
Aktuell schaffen eng 100 Psychologen an de Lycéeën grad wéi 400 Professioneller, mee och Assistants sociaux an Educateuren, déi en oppent Ouer fir d’Jonk an de Schoulen hunn.
Och am Santésministère gëtt an der Suite vun der Debatt iwwer d’Petitioun geschafft: deemno ginn et aktuell 120 verschidde Servicer am Land, déi eng psychologesch Hëllef ubidden - wéi d’Ministesch Lenert e Méindeg sot, géif un engem Etat des Lieux geschafft ginn, fir de Leit, déi Hëllef brauchen, och en adequaten a méi visibelen Iwwerbléck iwwer d’Offer ze bidden - dëst soll bannent den nächste Wochen ofgeschloss sinn, sou d’LSAP-Ministesch e Méindeg an der Chamber.