Bis Enn August Spideeler iwwerlaaschtResearch Luxembourg: Zweet Well kéint däitlech méi schlëmm ausfalen

Carine Lemmer
Fir d'Fuerscher vu "Research Luxembourg" si mer an enger zweeter Well an déi kéint däitlech méi schlëmm gi wéi déi éischt Well am Mäerz/Abrëll.

Schonn Enn August kéinten Intensivbetter feelen. Mëtt dëser Woch kéint et iwwer 200 nei Fäll den Dag ginn an Enn Juli iwwer 400 Neiinfektiounen den Dag. D'Covid-19-Task-Force huet déi Projektiounen e Sonndeg publizéiert, dat sinn d'Experte aus dem ëffentleche Fuerschungssecteur hei am Land.

Hirer Analys no, gesäit d'Entwécklung net gutt aus, wann net géigesteiert an zousätzlech Mesurë geholl ginn.

Jee nodeem, wéi sech d'Situatioun entwéckelt, kéint also Enn August de Lëtzebuerger Gesondheetssystem iwwerlaascht sinn. Et wären dann net méi genuch Plazen op den Intensivstatiounen an de Spideeler fräi.

Wéi gesot, dat kéint de Fall sinn, wann näischt geännert gëtt, wann d'Hallschent vun de Leit zum Beispill all Woch bei sech doheem Besuch huet aus zwee an engem hallwe Stéit oder invitéiert ass, an d'Hallschent och bei Aktivitéiten am Fräien derbäi ass, wou Leit aus 10 Stéit zesummekommen. Do kéinte just 10% vun de Kontakter noverfollegt ginn.

Bei vill sozialem Kontakt wäre souguer 600 Infektiounen den Dag méiglech. A bal 2.000 Doudeger.

Wann nach besser a méi noverfollegt ka ginn, an der Santé zousätzlech Leit fir de Contact Tracing agestallt ginn, géif et maximal 500 nei Fäll den Dag ginn a 1.500 Doudeger.

Treffen d'Leit sech privat 80% manner, gëtt mat 400 Neiinfektiounen den Dag gerechent.

Am beschte Fall rechnen d'Fuerscher um Héichpunkt vun dëser zweeter Well mat 200 Neiinfektiounen den Dag. Iwwer 50 Intensivbetter géife gebraucht ginn – dat wär ze packen – mä trotzdeem géif de Bilan vun Doudegen op bal 1.000 Persoune klammen.

Dofir missten awer d'Kontakter besser noverfollegt ginn, sech d'Leit 80% manner am Privaten treffen an nees méi op Home Office gesat ginn.

D'Fuerscher hu bei dëse Projektiounen d'Vakanzesaison net matagerechent, well onkloer ass, wéi vill Leit reesen a wouhinner. Just de Kollektivcongé am Bausecteur ass berécksiichtegt ginn.

Hei déi komplett Previsioun vu Research Luxembourg.

Back to Top
CIM LOGO