Serie "Nuetsschicht" (12)Ricardo Monteiro Lopes: "Wa mir Retard hunn, huet dat ganzt Land Retard"

Rosa Clemente
De Produktioun-Chef vum Centre de Tri vun der Post weess, wann d'Ekippen nuets net mat Zäit fäerdeg ginn, kënnt de Courrier ze spéit bei de Bréifdréier un.
Op der Nuetsschicht am Centre de Tri vun der Post
De Produktioun-Chef vum Centre de Tri vun der Post weess, wann d’Ekippen nuets net mat Zäit fäerdeg ginn, kënnt de Courrier ze spéit bei de Bréifdréier un.

Dat wier the Worst-Case-Zenario, sou de Ricardo Monteiro Lopes. Den 31 Joer ale Chargé de Production schafft zanter 10 Joer am Centre de Tri vun der Post zu Beetebuerg. Op dëser Plaz gëtt all Dag de Courrier, deen uechtert Land agesammelt gouf, sortéiert, a prett gemaach, fir datt d’Bréifdréier am fréie Moien hir Tournéeën ufänke kënnen. D’Responsabilitéit vun de Nuetsschicht-Ekippen ass dohier grouss.

Am Kader vun der Serie Nuetsschicht war eng RTL-Ekipp eng Nuecht op der Plaz, fir ze kucken, wéi vill Bréiwer a Colisen do tatsächlech ënner Zäitdrock verschafft ginn.

Klickt hei, fir op all d’Episode vun der Serie “Nuetsschicht” op RTL Play ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO