
Am November war den Ex-Buergermeeschter vun Déifferdeng an Ex-Deputéierten um Escher Policegeriicht zu enger Geldstrof vun 2.000 € verurteelt ginn, well hien ënnert anerem géint Artikele vum PAG a vum Bautereglement vun der Gemeng verstouss hätt. De 57 Joer ale fréiere Politiker hat dogéint Appell gemaach.
Eng eeler Koppel vun Nidderkuer hat de viregte Gemengepapp op d'Geriicht geholl, well deen eng Baugeneemegung ausgestallt hat, duerch déi d'Leit eng Residence just hannert hiert Haus geprafft kruten. Den néidege säitlechen Ofstand vun 3 Meter wär dobäi net respektéiert ginn.
Hie wär sengerzäit net op d'Plaz kucke gaangen, mä de Service technique an hien hätten och keen anere Choix gehat, wéi d'Baugeneemegung auszestellen, respektiv kee Moyen, dat net ze maachen, sot de Roberto Traversini e Mëttwoch. Hien hätt am Fréijoer 2017 eng Reunioun op der Gemeng proposéiert, wär dobäi awer mam Service technique erausgaangen, soudass hien net wéisst, wat do geschwat gouf.
Do virdrun hat d'Me Wieclawski, Affekotin vun der Koppel, festgehalen, dass de Roberto Traversini am Mee 2015 als Buergermeeschter eng Baugeneemengung erakritt an déi 6 Méint drop ausgestallt hätt, fir eng Residenz vu 14 Wunnengen. D'Leit wären d'Pläng 2015 kucke gaangen, hätten awer vum Service technique gesot kritt, et wär alles an der Rei. 2016 hätten d'Aarbechten ugefaangen. Dee Moment wär festgestallt ginn, wat fir e Schued entstoe géif, nämlech dass d'Koppel duerch den Neibau keng Sonn méi hannenaus kritt an den Ofstand amplaz vun 3 just nach 1,65 bis 2,40 Meter ausmaache géif. Bei der Reunioun 2017 wären op Grond vun der graver Situatioun Verbesserungen annoncéiert ginn, ma bei enger Visite des lieux hätten d'Leit en Arrangement net guttgeheescht a wären op d'Geriicht gaangen. Dat 1. Urteel sollt confirméiert, doriwwer eraus de Rétablissement des lieux gesprach ginn an eng Expertise de Schued vun hire Cliente chiffréieren, ënnert anerem duerch d'Moins-value vum Haus.
Dogéint hunn de Me Helminger an de Me Rosario Grasso, d'Affekote vum Roberto Traversini, betount, et wär kee säitlechen Ofstand ze respektéiere gewiescht, well keng spezifesch Dispositioun dozou an den Texter stoung, an de Me Santini, Affekot vum Promoteur, e Rétablissement des lieux ze spriechen, wär e monumentale Problem.
Well et net méi zum Réquisitoire vun der Vertriederin vum Parquet koum, gëtt dëse Prozess de 4. November ofgeschloss.