No Festnam an der BelschRout Kräiz "schockéiert", datt Mataarbechterin Mënsche gehandelt hätt

RTL Lëtzebuerg
D’Hëllefsorganisatioun huet RTL op Nofro hi geschriwwen, datt hir Mataarbechterin bis zu hirer Festnam net opgefall wier.

Nodeems um Donneschdeg bekannt gouf, datt eng Mataarbechterin vum Lëtzebuerger Roude Kräiz wéinst Verdacht op Mënschenhandel an der Belsch festgeholl gouf, weist sech d’Rout Kräiz schockéiert.

D’Rout Kräiz huet RTL iwwerdeems och geschriwwen, datt et kee problematesche Fall am Kader vun hirer Aarbecht gouf. Weider Detailer ware wéinst dem Secret de l’instruction net gewuer ze ginn.

Ma d’Rout Kräiz verurteelt awer d’Faiten, déi bekannt goufen a begréisst, datt de Reseau vu Mënschenhandel opgeléist gouf. D’Gedanke wiere bei den Affer an et géing een hoffen, datt se déi néideg Ënnerstëtzung kréien, fir hiert Liewen erëm opzebauen.

Back to Top
CIM LOGO