“Et kann een den ëffentleche Raum net privatiséieren”, sot d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer um City Breakfast leschten Donneschdeg. D’Awunner wieren och duerch Kaméidi gestéiert gewiescht. Mat de Leit, déi sech ëmmer do opgehalen hunn, hätt een am Accord eng Alternativ fonnt. Wou déi wier an ob dës weiderhin ënner fräiem Himmel wier, dorop gouf et um offizielle Rendez-vous mat der Press en Donneschdeg keng Äntwert.
Och déi betraffe Sans-abrien hale sech bedeckt. D’Michèle, eng jonk Fra vun 23 Joer, déi zum Grupp gehéiert, ass awer bereet, eis en Interview ze ginn:
“Mir wëllen net vill driwwer schwätzen, well mir wëllen net datt iergendwellech ongebiede Gäscht kommen. Mä et ass eng Plaz wou mer Ënnerdaach sinn, mir hunn eng Heizung do, mir hunn et waarm. A mir kënnen eis selwer ariichten, dat ass scho mol eng gutt Saach.”
An hiren Ënnerdaach op der Theaterplaz dierfte si net zréck, dat wier tabu, betount déi jonk Fra. Verdriwwe géif ee sech awer net fillen, am Géigendeel. De Virdeel wär och, datt een net wéi dobaussen déi ganz Zäit misst op seng Saachen oppassen. Elo kéinte si sech och Mol drëm këmmeren, eng provisoresch Adress unzefroen an an den Office social ze goen.
Am Ilôt Gastronomique an der Alstad, direkt hannert dem Palais, ass de Passage geraumt. De Vëlo, d’Kleeder an d’Fläsche si fort. Grad wéi hir Besëtzer, déi sech do néiergelooss haten. De Grond: De Bouquet Garni huet e Freideg seng Dieren nees opgemaach. Hie wär souguer frou, datt d’Sans-abrien déi Zäit do gewiescht wären, wéi säi Restaurant zou war, seet den Thierry Duhr: “On n’a pas été cambriolé pendant toute cette période là, alors que c’est un fait qui est assez régulier.”
Virun der Reouverture hätt hie mat de Strummerte geschwat an erkläert, datt si net méi bleiwe kéinten. Mat Hëllef vun der Police wär dat du gekläert ginn. “Tout s’est bien passé”, esou de Patron. D’Fermeture am Juni wär doduerch bedéngt gewiescht, datt d’Lokal an der Stad keng Terrasse hätt an een d’Personal an engem anere Restaurant gebraucht hätt.
An och wann am Ilôt Gastronomique elo nees zwee Lokaler op hunn: Siwe sinn eidel an dat historescht Gebai ass an engem schlechten Zoustand. Datt deemnächst renovéiert gëtt, gleeft den Thierry Duhr net. Hien hätt d’Proprietäre gefrot, si sollten him eng Offer maachen, fir d’Lokal vum Bouquet Garni a vun de fréiere Caves gourmandes. Dozou wär et awer bis haut net komm.
Op RTL-Nofro hin, soen d’Proprietäre vum Ilôt Gastronomique iwwerdeems, si géifen op e Rendezvous bei der Buergermeeschtesch Lydie Polfer waarden, fir sech iwwer den Dossier auszetauschen.