
De Rettungshelikopter huet misse landen, nodeems do en Aarbechter vun engem Daach 6,5 Meter an d’Déift gefall war a schro verwonnt gouf. De Mann ass awer net a Liewensgefor. D’ITM ënnersicht d’Ëmstänn vum Accident. Fir datt den Helikopter lande konnt, war d’N12 op där Plaz fir den Trafic gespaart.