
Viru Woche sinn d'Schülerprotester a Frankräich lassgaangen. Manifestéiert gëtt, fir dass méi Suen an d'Bildung fléissen. Fir méi Proffen, méi kleng Klassen, besser Schoulgebaier an e méi gerechte Bildungssystem, deen d'Inegalitéiten net nach weider verstäerkt.
Antëscht gëtt och an der Belsch demonstréiert. Léierpersonal, Unisstudenten an Elterevereenegungen hu sech dem Mouvement ugeschloss.
Op de Soziale Medien zirkuléiert e Flyer, deen och hei zu Lëtzebuerg dozou oprifft, d'Schoul ze streiken. Den Text ass op Franséisch an et steet keen Datum dobäi. Rieds ass just vun engem “Freideg”. Eenzel Memberen aus eiser Redaktioun hunn dësen Opruff schonn d’lescht Woch gesinn. Wéi ee Freideg genee gemengt ass, ass dowéinst net ganz kloer. Och soss ass de Flyer wéineg konkret, e geneeë Lycée steet och net drop an d’Auerzäit vun 10 bis 16 Auer passt net richteg zu de Schoulzäiten am Lycée. Och den Auteur bleift onbekannt.
Wien hannert dem Opruff fir de Blocus stécht, ass net gewosst, heescht et och vun der nationaler Studentevereenegung Unel. De Generalsekretär Angelo Locatelli huet de Flyer gesinn an d’Unel hat dowéinst och scho Récksprooch mat der nationaler Schülerkonferenz Cnel, déi awer och näischt wéisst. Eng Organisatioun wier der Unel no net derhannert, et geet ee vu Fake News aus.
RTL huet um Geesseknäppche bei de Schülerinnen a Schüler nogefrot, ob si iwwerhaapt géinge matmaachen, wann eppes géing organiséiert ginn.
Bis op eng Schülerin, huet eis Journalistin kee fonnt, dee bei enger Protestaktioun géing matmaachen. D’Konditiounen hei wieren net mat deenen a Frankräich ze vergläichen, esou e Schüler aus dem ECG. D’Klasse wieren net esou grouss an d’Deeg och net esou laang. Zu Lëtzebuerg kritt ee vill geschenkt, hunn zwou Schülerinne gemengt, zum Beispill iPaden. D’Kantinsiesse wier och net ze deier, heescht et weider, et hätt ee kee Grond ze protestéieren. Dat soen d’Schülerinnen a Schüler op d'mannst mol bei eiser Stéchprouf um Geesseknäppche ganz däitlech. Verschidde Jonker kennen den Opruff aus de soziale Medien zwar, mee dee wier awer net eescht ze huelen, soe si.
D’Unel huet sech Ugangs der Woch scho mam Schülermouvement a Frankräich solidariséiert.
Den Angelo Locatelli war selwer zu Stroossbuerg bei de Protester mat dobäi, well hie bis viru Kuerzem do studéiert huet. “Ech sinn och duerch deen Educatiounssystem op der Uni duerchgaangen. Ech weess, wéi eng Problemer et do ginn.” Dowéinst wieren d’Protester definitiv legitim, esou nach den Angelo Locatelli.
Och d'Lycéesschülerinnen a -schüler um Geesseknäppchen ënnerstëtzen déi Jonk a Frankräich an hir Fuerderungen. Besonnesch déi laang Deeg vun 8 bis 18 Auer fënnt ee Schüler net ze toleréieren. D’Problemer wieren och scho laang bekannt, zum Beispill, wat déi futtis Gebaier ugeet oder de Manktem u Proffen an trotzdeem géing näischt ënnerholl ginn, soen déi Jonk.
Et sollt een d'Leed an d'Problemer aus eisem Nopeschland awer elo net benotzen, fir hei op d'Strooss ze goen, huet den Angelo Locatelli vun der Unel nach betount. Zu Lëtzebuerg kéint een iwwert aner Problemer diskutéieren, en ënnerfinanzéierte Schoulsystem gehéiert awer net dozou.