E Summer ouni GestreitsSech schlau maachen, amplaz Sträit ze riskéieren

Monique Kater
D'Monique Kater iwwer "d'Dierfen an d'Net-Dierfen", wat awer net just am Summer gëllt.
E Summer ouni Gestreits - Sech schlau maachen, amplaz Sträit ze riskéieren
D’Monique Kater iwwer “d’Dierfen an d’Net-Dierfen”, wat awer net just am Summer gëllt.

Gutt Stëmmung, am Gaart grillen oder säi Wuess méien, Party maache bis an d’Nuecht eran - dat gehéiert zu de Summerméint, grad ewéi déi vläicht manner gutt Laun vum Noper. Hei gëllt de Prinzip: “Deem enge seng Fräiheet geet bis dohinner, wou deem anere seng ufänkt - an: De Gemengen hir Policereglementer.

Zu Esch sinn d’Pecherten, wéi si sech selwer nennen, zu zwee ënnerwee. Haut geet d’Aufgab vum neigedeeften Agent Municipal wäit iwwer e Pretekoll hannert de Wischer klemmen eraus. Remedur schafen, zum Beispill wann, wéi dacks am Summer, d’Party-Stëmmung vun deenen engen déi aner stéiert. Do ass d’Schicht vu 14 Auer mëttes bis owes um 22 Auer am meeschte gefuerdert. Dono iwwerhëlt dann d’Police.

Dat Zodi maachen ass zimmlech identesch a kloer gereegelt. Et gi Virschrëfte vum Staat an déi kann d’Gemeng dann op sech upassen. Dat geschitt iwwer d’Policereglement. Zum Beispill Nuetsrou vun 21 Auer oder 22 Auer un an da bis 8 Auer. Chantieren, déi hu jo zwar näischt mat Partylaun am Summer ze dinn, mä déi Chantiere kréien Extrawurschten a ginn engem och mat offizieller Geneemegung ferm op de Su.

Samschdes gëllt am Prinzip als normale Wochendag.

Der Stad ass de Sonndeg dann och net méi helleg, well hei kann ee stonnelaang mat der Méimaschinn op an of rennen.

A wat gëllt bei den Déifferdenger?

“Ech si ganz frou, datt mer elo emol endlech anstännegt Wieder kréien. Dass d’Leit sech kënnen dobaussen ophalen, datt mer kënne grillen, an dass mer vun eiser schéiner Natur kënne profitéieren. [...] Natierlech et ginn ëmmer Leit, déi meckeren, do spillt jo dann d’Jalousie mat. Mä et muss een awer och wëssen, dass déi Leit, déi meckeren, datt dat och begrënnt ass. Ech menge mir hunn e Reglement, dat seet 23 Auer, ech muss d’Musek méi lues maachen, ech däerf grille bis owes 22 Auer, mä dat Ganzt geet owes nëmme souwäit wéi dem Noper seng Fräiheeten”, sou de Guy Altmeisch, Déifferdenger Buergermeeschter.

Eppes ass kloer, et mécht ee sech beschtefalls a senger Märei schlau, wat genee am Policereglement steet, iert een da Gas gëtt – an et ass ee souwisou am Beschte fein mam Noper – an da Vive de Summer.

LINK: D’Gemengereglement Déifferdeng
LINK: D’Gemengereglement Esch

Back to Top
CIM LOGO