Stroum aus SonnenenergieSolarpark versuergt d'Gemeng Jonglënster mat Stroum

Christophe Hochard
Nieft den Antenne vun den RTL zu Beidler an der Gemeng Jonglënster steet e risege Solarpark.
Solarpark zu Beidler an der Gemeng Jonglënster
D'Anlag ass eng Zesummenaarbecht tëscht der BCE, d'Firma déi d'RTL-Sender bedreiwen, dem RTL Grupp an der Gemeng Jonglënster.

E produzéiert Stroum aus Sonnenenergie. Beidler a Jonglënster sinn zesummen en Total vun 30.000 Panneauen, verdeelt op 52.000 Quadratmeter an d'Gesamtsurface huet 133.000 Quadratmeter.

Dës Anlag ass eng Zesummenaarbecht tëscht der BCE, d'Firma déi d'RTL-Sender bedreiwen, dem RTL Grupp an der Gemeng Jonglënster. Op deenen 2 Sitte gëtt Stroum fir eng 10.000 Awunner produzéiert. Dat geet duer fir d'Jonglënster Gemeng mat gréngem Stroum ze versuergen.

Op de Sitte Jonglënster a Beidler gëtt also Energie duerch eng Photovoltaik-Anlag produzéiert. 10 Megawattstonne Stroum ginn op dës Manéier op der grénger Wiss hiergestallt. Dëst muss am Aklang mam Naturschutz geschéien.

Iwwer 20 Joer kann d'Anlag zu Beidler erneierbare Stroum produzéieren.

Back to Top
CIM LOGO