LuxexpoSpringbreak 2022: Ouni Masken a CovidCheck, méi Leit

Jeannot Ries
Jonk, am Trend, innovativ, sou hunn d'Organisateuren d'Springbreak 22 um Kierchbierg presentéiert.
Springbreak-Festival: Ouni Masken a CovidCheck, méi Leit
Jonk, am Trend, innovativ, sou hunn d’Organisateuren d’Springbreak 22 um Kierchbierg presentéiert.

Keng einfach Foire op där de Visiteur vu Stand zu Stand trëppele soll. Mee e Festival op deem Jonker, Famillen an Teenager déi lescht 4 Deeg motivéiert goufen, aktiv mat ze maachen. Selwer d’Manette vun enger Spillkonsol an de Grapp ze huelen. D’Gefill, mat engem Mono-wheel ze fueren, entdecken. Ma wéi ass dat Konzept bei de Leit ukomm?

E puer Schrëtt, an et war ee schonn an der erwënschter Stëmmung ukomm. An der Welt vun de Gamer. Wou d’Eltere séier den Nowuess aus den Aen verluer hunn. Dee 6 Joer jonke Valentin spillt Mario Bros. Nieft him, deen 8 Joer jonken Oscar. Hien entdeckt en neit Spill, wou en och séier versteet, wéi et geet.

Eriwwer si se fir déi Jonk, déi langweileg Sonndesausflich op d’Foire. E Sonndeg de Mëtteg waren et d’Elteren, déi sech d’Been an de Bauch gestanen hunn. Ausser et war de Papp selwer, dee schwaach gouf. Deen d’Steierrad an d’Hand geholl huet, fir en Tour um virtuelle Circuit ze dréinen.

E puer Meter méi wäit hunn 8 vun de weltbeschte BMX-Spezialiste gewisen, wat een alles esou mat de Vëloe mat de klenge Rieder ufänke kann.

De Viki Gomez, BMX-Weltmeeschter, deen zu Lëtzebuerg lieft, erkläert: “Dës Show ass e Mix aus Hip-Hop- a BMX-Freestyle. Normalerweis ass et just eng Show. Ma mir maachen eng Kompetitioun draus. De Publikum gëtt mat agebonnen. Mat Applaus stëmmen d’Leit of wie gewënnt.”

D’Leit mat abannen. Dorëms goung et dëser Deeg op der Springbreak. Och wann den Exercice hei an do ustrengend war. Wéi um Mono-wheel d’Gläichgewiicht ze behalen. No sou vill Emotioune kënnt dann den Urban Food Village grad richteg.

Mat eidelen Hänn sollt keen Heem goen. Regional Produkter kruten d’Geleeënheet, sech an d’Vitrinn ze stellen. An e gewëssen Hauch u Vakanzefoire gouf et och nach uewen drop. Zesumme mat den Aussteller wäert déi nächst Deeg, no zwee Joer Paus, Bilan gezu ginn.

“Mir hunn en Donneschdeg d’Dieren opgemaach. Du koum d’Nouvelle, datt d'3G-Reegelen ewechfale géifen. Dat huet ons gutt gehollef. Vun do u koume méi Leit”, sou den Direkter vun der Luxexpo, Morgan Gromy, e Sonndeg de Mëtteg.

Back to Top
CIM LOGO