
“D’Stad Lëtzebuerg engagéiert sech, fir de Bësch ze schützen, ze stäerken a fit ze maachen fir d’Zukunft!” Dat huet den éischte Schäffen, deen och fir d’Ëmwelt responsabel ass, Maurice Bauer e Mëttwoch bei der Presentatioun vun enger sougenannter “Roadmap” betount. Matten am Bambësch um Site vum Service forêt, goufen d’Prioritéiten a Projete fir déi nächst Joer presentéiert.
1.100 Hektar Bësch zielt d’Stad Lëtzebuerg an 22.000 Beem am ëffentleche Raum, also laanscht Stroossen oder an de Parken zum Beispill. Et ass awer gewosst, datt et de Bëscher a Beem net all ze gutt geet. Fir deem entgéintzewierken, huet d’Stad Lëtzebuerg sech fënnef Prioritéite ginn.
“Éischtens den Impakt vum Klimawandel ze bekämpfen, zweetens méi eng naturno Bëschgestioun ze fërderen, drëttens sech dem Klimawandel upassen, nei Weeër goen an d’Zukunft virbereeden a Beem planzen. Véiert Prioritéit ass eist Holz lokal nach besser notzen an déi fënneft e modernen an attraktiven Stadbësch ze fërderen.”
Aus dëse Prioritéite sinn aacht konkret Projeten zréckbehale ginn. Zum Beispill ginn an den Entréeë vun de Bëscher Panneauen opgestallt, wou e per QR-Code op en neien Internetsite kënnt, op deem ee via interaktiv Kaart gesäit, wann am Bësch geschafft gëtt an zum Beispill e Wee zou ass. En anere Projet ass dee vun de Schaffpäerd, mat deenen an de Bëscher geschafft gëtt zum Beispill, fir Beem erauszehuelen. A punkto Klimawandel misst ee proaktiv virgoen, huet de Maurice Bauer gesot. Dofir gëtt um Eescher Feld eng Bësch-Pepiniere ugeluecht.
“Déi Beem, déi mer selwer wëllen aplanzen, sollen do geziicht an ugesat ginn.”
Op engem Feld vun engem Hektar um Eecherfeld gëtt, awer och en neien Bësch mat iwwer 2.500 Beem ugeplanzt. Zu Hamm sollen op engem sougenannten Zukunftsbësch nei Zorte vu Beem getest ginn.
E weidere Projet, deen ugeduecht ass, ass de Site vum Service forêt an en Visiteurszenter auszebauen, wou een all d’Bierger kann empfänken an hinnen de Bësch méi no ka bréngen.