Ma de Weekend hu sech déi éischt richteg fréijoerlech Temperaturen erageschlach.
D'Sonn ass do a scho gesäit d'Welt vill méi frëndlech aus. D'Erwächen vum Fréijoer an der Natur, ma och beim Mënsch. Raus aus dem Haus, raus an d'Luucht, raus an d'Sonn fir eng voll Portioun Vitamin D.
Viru kuerzem war nach Schnéi-schëppen an Eis-krazen ugesot. Elo ginn déi éischt Grillen ofgestëbst a Gäert ëmgegruewen. Temperaturschwankungen déi guer net esou anormal sinn, esou Wiederspezialisten.
Jörg Kachelmann vu "Kachelmann Wetter": „Et ass kee groussen Drama. Et geschitt net ze dacks, mee wann een op der enger Säit eng Frigosdier huet déi laang op ass a bemol zougeet an direkt duerno, mëscht een op der anerer Säit de Fön u, da geschitt dat alt emol. Dat ass näischt Béises. “
D'Fréijoer ass do – op d'mannst emol bei den Temperaturen. Bis zu 19 Grad goufen zu Waasserbëlleg gemooss. An der Sonn zu Esch waren et 16 – och hei huet een den Dag dobausse verbruecht. Och am Grond an der Stad - mol mat méi, mol mat manner Ofstand.
Fir d'Pollen-Allergiker geet de Frust och dëst Joer nees verfréit lass: „D'Hieselter an d'Alenterpolle sinn elo schonn do. Déi déi zimmlech empfindlech hei sinn, spieren dëse Weekend schonn éischt Symptomer. Schwiereg, well déi Symptomer sech och zum Deel mat deene vu Covid iwwerschneiden.“
Et ass kaum Reen si fir déi nächst 10 Deeg gemellt – fir eng déi eng Freed, fir déi aner Previsiounen déi mat Schrecken un déi lescht Joren erënneren: „Et ass e Mechanismus dee mer mëttlerweil scho méi laang gesinn, datt dat relatiivt kaalt Waasser bei Grönland eis en Héichdrockgebitt opbaut. Dat wier eng grouss Plo fir d'Landwirtschaft. Dat heescht, datt mer och dëst Joer erëm eng Dréche-Phas riskéieren ewéi an de leschte Joren."
Op zu Esch, oder an der Stad, am ganze Land sollen an den nächsten Deeg d'Fréijoers-Temperature bleiwen. Et wier gutt méiglech, datt et am Mäerz an Abrëll richteg kal gëtt, esou d'Spezialisten – et heescht also Sonn "vir-tanken".