Geckeg Course-poursuite zu PéitengStroossespär an 2 Schëss waren néideg, fir de Flüchtegen ze stoppen

RTL Lëtzebuerg
Bei enger Verkéierskontroll zu Péiteng e Méindeg de Moien ass d'Police op en opfällegt Gefier opmierksam ginn.

Wéi se de Won kontrolléiere wollten, ass den Automobilist fortgefuer an ass op ee Beamten duergefuer, dee sech a leschter Sekonn awer nach a Sécherheet brénge konnt.

D’Polizisten sinn direkt an den Auto geklommen an et koum zu enger Course-poursuite. Heibäi huet de Flüchtegen e geparkte Won beschiedegt an ass mat engem Police-Moto kollidéiert. De Beamten ass doropshi mam Moto gefall a gouf liicht verwonnt.

Fir de Mann ze stoppen, hunn d’Poliziste mat enger weiderer Patrull de Wee blockéiert, andeems si op der Héicht vun der N31 de Police-Auto an d’Strooss gestallt hunn. Och hei huet de Flüchtegen awer net stallgehalen an ass nees op Beamten duergefuer. Och weider Warnungen an zwee geziilte Schëss op d’Radkëscht vum Auto konnten de Mann net stoppen. Hien ass weidergefuer an an de Police-Auto gerannt. Allerdéngs koum hie puer Meter weider awer zum Stoen, well den Auto ze vill beschiedegt war.

Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl an e kënnt en Dënschdeg nach virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO