Gemeng KälSuccesseur vum LSAP-Politiker John Lorent ass de Jean Weiler vun der CSV

Roy Grotz
Nodeems vill knaschteg Wäsch an der Käler Gemeng déi lescht Méint gewäsch gouf, huet d'Minett-Gemeng zanter e Méindeg och en neie Buergermeeschter.
© MINT

Déi nei Koalitioun, déi méiglech gouf, well de Marcel Humbert der LSAP de Réck gedréint hat, besteet aus der CSV an der DP.

Als nei Schäffen huet d’Inneministesch Taina Bofferding de liberale Romain Becker an den CSV-Member José Goncalves vereedegt.

Domat ass d’Ära vum John Lorent an de Schäffen Marco Lux (LSAP) a Viviane Petry definitiv eriwwer an den Theatercoup, dee vum Marcel Humbert ausgeléist gi war, ass opgaangen.

Datt den John Lorent no 33 Joer an der lokaler Politik géif seng politesch Pensioun huelen, war ewell am Dezember gewosst, mee datt sech de Conseiller Humbert géif der Oppositioun uschléissen a géint de Budget stëmmen, war sou net geplangt.

De Marcel Humbert, deem seng Aktioun vu senger fréierer Partei als “perfid an hannerwenneg Revanche” bezeechent gi war, sëtzt lo als onofhängege Conseiller zu Käl am Gemengerot, wou also CSV an DP lo d’Soen hunn - op d’mannst bis zu de Walen d’nächst Joer.

Hei dat offiziellt Schreiwes:

Assermentation du nouveau bourgmestre et de deux nouveaux échevins de la commune de Kayl (21.02.2022)

Communiqué par : ministère de l’Intérieur

Par arrêté grand-ducal du 5 février 2022:

Jean Weiler a été nommé aux fonctions de bourgmestre de la commune de Kayl.
Par arrêtés ministériels du 21 février 2022:

José Goncalves a été nommé aux fonctions d’échevin de la commune de Kayl.
Romain Becker a été nommé aux fonctions d’échevin de la commune de Kayl.
Le 21 février 2022 à 14 h 30, les intéressés ont prêté entre les mains de Taina Bofferding, ministre de l’Intérieur, le serment prescrit par l’article 6 de la loi communale modifiée du 13 décembre 1988 dont la formule est la suivante: «Je jure fidélité au Grand-Duc, d’observer la Constitution et les lois du pays, et de remplir avec zèle, exactitude, intégrité et impartialité les fonctions qui me sont confiées.»

Back to Top
CIM LOGO