"Méi Koordinatioun néideg"Syvicol reagéiert op d’Mesurë fir administrativ Vereinfachung

RTL Lëtzebuerg
D'Ministere Gloden, Meisch a Wilmes hunn op enger Pressekonferenz annoncéiert, wéi dem Premier säin 10-Punkten-Aktiounsplang soll ëmgesat ginn.

De Gemengesyndikat Syvicol, deen am Viraus consultéiert gouf, ass sech bewosst, datt dës Mesuren elo mol an enger éischter Phase méi Aarbecht fir d’Gemenge bedeiten.

Syvicol: De ganze Reportage

Et wier virun allem vill Koordinatioun néideg

D’Ministèren, d’Verwaltungen an och d’Gemenge misste sech elo mol zesummesetzen, fir d’Prozeduren z’iwwerschaffen, ënnersträicht de President vum Syvicol, den CSV Politiker Emile Eicher.

“Dat kascht elo eng Kéier en décke Strapp Aarbecht, mä dono profitéiert een dann awer vu massiven Erliichterungen. Et sinn natierlech och Moossnamen dobäi, déi relativ séier ëmzesetze sinn an déi direkt d’Aarbecht vun de Leit op de Gemenge méi einfach maachen.Ech denke virun allem un dat, wat de Minister als Bagatelle bezeechent huet.”

Autorisatiounen also, déi bis elo nach fir Klengegkeeten wéi eng Pergola, fir eng kleng Mauer oder e Gaardenhaischen gefrot ginn. De President vum Syvicol seet, dat géif e groussen Deel vun den Aarbechten an de Gemengen ausmaachen, säi Vizepresident, den LSAP Politiker Dan Biancalana weist awer drop hin, datt d’Gemengen trotzdeem en Aen mussen op déi Bagatellen halen.

“Wann d’Ausriichtung och déi ass, datt bei verschiddene Demandë keng Geneemegung méi gebraucht gëtt, just nach eng Notifikatioun, muss d’Gemeng trotzdeem weider kontrolléieren, ob de Kader vum PAG respektéiert gouf.”

Syvicol ( Deel 1 )

Wat seet de Syvicol dann zu eenzelen Mesurë wéi engem allgemenge Bautereglement?

Allgemeng gëtt eng Harmonisatioun positiv gesinn, mä den Däiwel stécht wéi ëmmer am Detail an dee läit den Ament nach net vir. Dowéinst kann een och nach net soen a wéi wäit et Auswierkungen op d’Gemengenautonomie gëtt. Den Emile Eicher:

“Ech muss awer soen, wann dat Reglement elo zesumme mat de Gemengen erstallt gëtt a genuch Fräiheet dra gelooss gëtt, datt eng Gemeng nach ëmmer decidéiere kann, wou se méi dense oder manner dense baue kann. Da kann dat awer ganz sënnvoll sinn, mä hei muss op alle Säite Waasser an de Wäin geschott ginn.”

Och de Vizepresident Dan Biancalana ënnersträicht, datt et wichteg ass, e gudden Equiliber ze fannen, fir datt d’Gemengenautonomie, déi och an der Verfassung verankert ass, weider bestoe bleift.

“Wann een iwwert e groussherzoglecht Reglement schwätzt, dann ass dat jo net méi an der legislativer Prozedur. Do ass dann d’Parlament net domadder befaasst. Et schéngt mer awer wichteg ze sinn, datt d’Gemengen do consultéiert ginn, well sech do jee no Gréisst aner Realitéiten erëmspigelen. Ob d’Gemengen eng Gréisst hu vun 3.000 Awunner, vun 10.000 oder tëschent 10 an 20.000 respektiv tëschent 20 a 35.000"

De Syvicol begréisst dann, datt de Prinzip “Silence vaut accord” net just fir d’Gemengen, mä och d’Verwaltunge gëllt, esou wéi de Syndikat dat gefuerdert huet. Den Emile Eicher erwaart sech, datt doduerch eng Rei Prozedure parallel kënne lafen an esou vill Zäit ka gespuert ginn.

Donieft gëtt och begréisst, datt d’Bauhäre méi Berodung kréien an datt d’ITM an d’Sécurité dans la fonction publique fusionéieren.

Als Co-Parteipresident vun der LSAP huet den Dan Biancalana awer nach eng Kritik un der Form. Hie vermësst de respektvollen Ëmgank mat der Chamber. D’Ministeren hätten alt rëm eng Kéier d’Ëffentlechkeet virun den zoustännege Chamberkommissiounen informéiert.

Syvicol (Deel 2)

Back to Top
CIM LOGO