Auto géint MotoTëscht Schëndels a Koplescht koum et zu engem déidleche Verkéiersaccident

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg géint 16.30 Auer sinn um CR101 tëscht Schëndels a Koplescht en Auto an e Moto anenee gerannt. E Mann vu 25 Joer huet net iwwerlieft.
© Domingos Oliveira

Geschitt ass den Accident kuerz viru Schëndels, dat op fräier Streck, an der Géigend vun engem Chalet. Wéi d’Police e Freideg de Moie schreift, war de Motocyclist mam Auto kollidéiert, wéi dësen him entgéintkoum. De Motosfuerer wier doropshin an eng Wiss nieft der Streck an den Auto op d’Géigespuer geschleidert ginn.

Wéi d’Rettungsservicer op der Plaz ukomm sinn, konnte se just nach den Doud vum 25 Joer ale Motorradschauffer feststellen. D’Fuererin vum Auto koum nom Accident mat Blessuren an d’Spidol.

Op der Plaz waren d’Pompjeeë vu Kielen, Miersch an aus der Stad, grad ewéi Ambulanze vu Lëntgen an aus der Nordstad. Och de SAMU vun Ettelbréck huet mussen an den Asaz geruff ginn.

D’Streck gouf dann och fir den Trafic gespaart. Eng Deviatioun goung via Keespelt an de Katrewang.

Bei engem Accident quasi ëm déi selwecht Zäit zu Hamm am Rond-point Iergäertchen, waren zwee Autoen net laanschtenee komm.

Back to Top
CIM LOGO