UnicefTrotz Corona-Kris ginn d’Zuele vu Spender an d’Luucht

RTL Lëtzebuerg
Fir de järleche Global Parents Mount hu mir e puer vun den Unicef-Mataarbechter bei hirer alldeeglecher Aarbecht begleet.
Unicef
Fir de järleche Global Parents Mount hu mir e puer vun den Unicef-Volontairë bei hirer alldeeglecher Aarbecht begleet.

"Global Parents", esou ginn Donateure vun der Unicef genannt, déi all Mount e fixe Montant spenden, fir de Kanner an Nout ze hëllefen. Esou kënne schonn abordabel Zomme Grousses bewierken. Et kascht 30 Euro fir een ënnererniert Kand ze ernären an ëm déi 50 Euro, fir dass 100 Leit Zougrëff zu propperem Drénkwaasser hunn.

Den Avantage vun de "Global Parents" fir eis ass, datt mir déi Suen all Mount erakréien a mir genee wëssen, wat mir hunn a mat wat mir schaffe kënnen. Et ass e Bëssen, wéi wann een eng Pai kritt. Et kann ee besser plangen a mir spueren och administrativ Käschte, well mir d’Leit net ëmmer erëm mussen uschreiwen, wann emol eng Kéier eppes geschitt“, erkläert eis de Paul Heber, Kommunikatiounsdirekter vun der ONG.

Fir och wärend der kontinuéierlecher Corona-Kris kënnen nei "Global Parents" ze fannen, huet d’Unicef elo nei Strategien entwéckelt. Esou ass all Ekipp mat 2 Meter laangen Teppecher, Desinfektiounsmëttelen a Masken ausstafféiert. Donieft kréien d’Leit, déi sech wëlle fir de Projet aschreiwen, elo eng SMS mat där si kënne bestätegen, dass si wëllen e "Global Parent" ginn, amplaz op den Tablets ze ënnerschreiwen.

D’Mataarbechter ginn all Woch an enger anerer Regioun vun Dier zu Dier an hunn a verschiddene Supermarchéen uechter d’Land en Informatiounsstand.

Méi Informatiounen zur "Global Parents"-Initiativ krit een um Site vun der Unicef.

Back to Top
CIM LOGO