
Um 8:30 Auer war et op der A7 a Richtung Stad am Tunnel Stafelter zu engem Accident tëscht méi Gefierer komm. Zwou Persoune sinn dobäi blesséiert ginn. D'Pompjeeë vu Lëntgen-Luerenzweiler a Steesel, Ambulanzen aus der Stad a vu Jonglënster, grad esou wéi de Samu waren op d'Plaz. Bis 11:20 Auer waren duerno d'Tunnelle Grouft a Stafelter gespaart gi wéinst den Opraumaarbechten, wat vill Stau op der Deviatioun iwwer Luerenzweiler zur Folleg hat.
Géint 7:45 Auer war et tëscht Schëndels a Miersch, am Beräich vun der Autobunnsopfaart, eng Kollisioun tëscht zwee Gefierer, an där zwou Persoune blesséiert gi sinn. Nieft de Pompjeeën an der Ambulanz vu Miersch waren d'Pompjeeën an de Samu vun Ettelbréck am Asaz.
Um 10 Auer koum et zu Sandweiler an der Zone industrielle Rolach zu engem Accident tëscht engem Auto an engem Camion. D'Stater Ambulanz an d'Pompjeeë vu Sandweiler hu sech ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert.