De Beruff vum Zaldot gëtt ëmmer méi komplex an dofir ass d’Ausbildung och ëmmer méi spezialiséiert. Dat gouf um Donneschdeg zu Dikrech betount, bei der Chrëschtveillée. D’Diversitéit vun de Missioune géing dat verlaangen, mat neie Projeten z.b. am Weltall oder och dem Cyberberäich, och iwwert e Militärspidol gëtt nogeduecht. D’Caroline Mart iwwert eng traditionell Zeremonie an eng méi modern Arméi.
Eng Arméi déi fiert d’éischte Kéier eng Verdeedegungsministesch huet. Um Härebierg huet d’Yuriko Backes dann och direkt betount, si wéilt sech dofir asetzen, dass méi Fraen an d’Arméi kommen. Hire Virgänger hätt eng formidabel Aarbecht geleescht, et géing weider rekrutéiert ginn an d’Erausfuerderunge wieren enorm.
Yuriko Backes: “D’Arméi ass keng Administratioun wéi eng aner, se huet e ganz konkreten Déngscht um Land ze leeschten. Dofir musse mir och kucken, dass mir do keng Faillen am System hunn, als Zaldot kann een net de Bic fale loossen um 5 Auer. Et muss ee preparéiert si fir alles, dat heescht och do musse mir gutt opgestallt sinn, an déi Zerwisser si wierklech net vergläichbar mat anere beim Staat.”
De Generol Steve Thull huet a senger Ried vun engem intensive Joer geschwat, wat hannert der Arméi léich. Nodeems no der Annexioun vun der Krim an den Ugrëff op den Donbass duerch Russland komm war, hätt d’Nato-Strategen erkannt, dass Russland net méi kann als Partner consideréiert ginn.
D’Nato-Truppen sinn zanterhier méi robust opgestallt ginn. Lëtzebuerg hat jo vun der Nato den Optrag kritt, zesumme mat der Belsch e Batailloun vu 750 Zaldoten opzestellen. An deem Kader goufen och den Trainingszyklus vun der Arméi geännert, huet de Chef d’Etat Major Steve Thull erkläert. Dat wier ee vun de Punkten, dee géing e Broch um Militärplang mat der Vergaangenheet siichtbar maachen.
Generell gouf d’Arméi duerch dat neit Militärgesetz nei opgestallt, fir den Erausfuerderunge vun enger moderner Arméi gerecht ze ginn. Dorobber wëll ee weider opbauen.
Generol Steve Thull: “Dat Allerwichtegst ass, dass mir genau d’selwecht wéi all di aner Natopartnerlänner mat de"Boots on the Ground” déi selwecht Saache kënne maachen, well dass jo net esou wann een am meeschten dervunner profitéiert huet, dass d’Land sech ekonomesch konnt developpéieren, dass en da wann et herno drëms geet en Effort ze maachen, dass ee sech dann um militäresche Plang géif am Hannergrond ophalen. Dat géif eis net gutt zu Gesiicht stoen. Do heescht et also säi Fra a säi Mann stellen.”
Op internationalem Plang géing all Participatioun an Operatioun am Ausland an direktem oder indirektem Zesummenhang mam aggressive Verhale vu Russland stoen, huet de Steve Thull ënnerstrach. Zanter dem 1. Januar 2023 stinn dofir 40 Zaldote mat 3 takteschen Opklärungsdronen am Standby. Si sinn Deel vun enger 4.000 Mann staarker Task Force, déi bannt kierzter Zäit kënnen an Zonen intervenéieren, wou d’NATO responsabel ass.
Direkt e puer mol gouf ënnerstrach, dass ee weiderhi misst solidaresch mat der Ukrain bleiwen. “Déi russesch Menace fir de Fridden ass reell”, huet d’Yuriko Backes ënnerstrach. Dofir wieren haut eng 30 Militär a Litauen an a Rumänien stationéiert, fir mat den Alliéierten déi kollektiv Verdeedegung an Ofschreckung ze assuréieren.
Een Asaz mat Lëtzebuerger Bedeelegung koum awer dëst Joer op en Enn. Enn Oktober koum e Satellittekommunikatiounssystem aus Mali zréck op Lëtzebuerg. D’Militärjunta vu Mali hat sech Mëtt Juni géint d’Uno-Mandat ausgeschwat, fir Friddensmissioun vun de Vereenten Natiounen (Minusma) ze verlängeren. De Generol Steve Thull seet, dass dat ganzt awer duerch d’Awierke vu Russland passéiert wier.
Gutt Stëmmung um Härebierg
Fir d’Stëmmung am Sall huet d’Militärmusek gesuergt, déi anescht wéi soss, och mat modernem Gesang ënnerhalen huet. Net just, dass de Sall zum matsangen animéiert ginn ass. Och d’Defenseministesch Yuriko Backes huet sech zu engem kuerzen Danz mam Generol Steve Thull animéiere gelooss.
