
En Donneschdeg den Owend gouf e Mann gemellt, dee sech um Houwald op enger Adress opgehalen huet, wou en net hätt dierfe sinn. D’Persoun konnt op der Plaz vun enger Policepatrull ugetraff ginn. Op Uerder vum Parquet gouf e festgeholl an hat um Freideg de Moie Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.