ZeienopruffUm Sennengerbierg d'Kéier gemaach, an eng Mauer geknuppt a fortgefuer

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, koum et en Donneschdeg den Owend tëscht 19 an 23 Auer zu engem Fall vu Farerflucht.
© Laurent Weber / RTL Archivbild

E bis ewell onbekannten Täter hat mat sengem Gefier an der Tréierer Strooss um Sennengerbierg d’Kéier gemaach a krut do eng Mauer ze paken. Hien ass dono fortgefuer, ouni sech ëm den entstanene Schued ze këmmeren. D’Police geet dovun aus, dass et sech beim Gefier ëm e Camion handelt.

Wien eppes gesinn huet, soll sech bei der Police Sirdall um (+352) 244 78 1000 oder per E-Mail op police.syrdall@police.etat.lu mellen.

Back to Top
CIM LOGO