RTL-Presseclub vum 7. DezemberUrteel iwwer Ex-President vu Bréifdréieschgewerkschaft an Decisioun am Dossier Sportsmusée

Pierre Jans
RTL-Medien dierfen net méi den Numm nennen a keng Biller méi weise vum fréiere President vun der Bréifdréieschgewerkschaft, dee seng Kolleegen ëm vill Sue beduckst hat.
De Presseclub vum 7. Dezember 2025

En Urteel, dat an der Presselandschaft op ganz wéineg Versteesdemech getraff ass an deemno en Thema wéi gemaach fir eise Presseclub.

Mat eise Journalistekolleegen hu mir och iwwer de Projet Sportmusée an den zoustännege Minister Mischo geschwat.

RECTIFICATIF: De Moderator huet sech bei Minutt 08:25 vun dëser Emissioun verschwat. De J.N. war Mëtt den 80er dreiwend Kraaft, fir d’FSFL vun der CGFP ofzetrennen. Ausdrécklech net vum LCGB, wéi de Moderator gesot huet.

Am Presseclub goung et ëm d’Urteel vum Ex-Bréifdréieschgewerkschaftspresident an d’Decisioun am Dossier Sportmusée

Eis Invitéë waren

D’Ines Kurschat vum Lëtzebuerger Wort, d‘Melody Hansen vum Journal an de Christoph Bumb vu reporter.lu.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d’Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den “Emissiounen” fannt.

Back to Top
CIM LOGO