
Zu Veinanen war et bei de Gemengewalen e Sonndeg jo zu engem politeschen Äerdbiewe komm. Den Nach-Buergermeeschter Claude Tonino hat et emol net méi an de Conseil gepackt, genee wéi den 1. Schäffe Kevin Pereira Esteves. Duerchgesat hat sech d’Ekipp “No beim Bierger” ronderëm den Hotelier a Restaurateur Paul Petry, deen déi meeschte Stëmme krut.

Ma trotzdeem gëtt fir d’éischt emol de François Weyrich, Patron vun engem Daachdeckerbetrib an Zweetgewielten, Buergermeeschter.

Dat fir déi nächst 3 Joer, de Paul Petry gëtt an där Zäit 1. Schäffen. An der Hallschent vun der Legislatur wiesselen déi zwee dann d’Posten. Op Nofro hin erkläert de Paul Petry d’Decisioun domat, datt hien aktuell nach ze vill a sengem Betrib engagéiert wier, fir d’Gemeng ze leeden. De fréiere Buergermeeschter Henri Majerus wäert iwwerdeems déi nächste 6 Joer als 2. Schäffe fungéieren.