Police sicht no ZeienVersichten Iwwerfall op Geldtransporter tëscht Vugelsmillen a Mëllerdall

RTL Lëtzebuerg
Um CR121 haten Onbekannter an engem donkelem SUV mat getéinte Fënstere en Dënschdeg de Moie probéiert, en Geldtransporter ze iwwerfalen.

Beim Versuch gouf kee blesséiert. D'Police sicht elo no engem Vëlosfuerer, deen a Richtung Vugelsmillen respektiv Beefort ënnerwee war, a béid Gefierer dobäi gekräizt huet. Déi Persoun soll sech esou séier wéi méiglech um 113 mellen. Och all aneren Zeien, deen en Indice zum gesichte Won oder de Persoune ka maachen, respektiv deen eppes méi gesinn huet, soll sech um 113 mellen.

Weideren Zeienopruff

Weider sicht d'Police zwee Männer, déi de 6. Februar eng gréisser Zomm Suen aus engem Bistro an der Rue Ste Zithe am Stater Garerquartier geklaut hunn. Hei sinn all d'Infoe fir d'Police aus der Stad um 244-401000 oder per E-Mail op police.luxembourg@police.etat.lu

Back to Top
CIM LOGO