Nieft e puer méi oder manner grousse Verléierer gëtt et awer och kleng Victoiren.
Summer fir e puer Stonnen – gewinnt si mer et jo mëttlerweil am Grand-Duché. Dat schlecht Wieder vun de leschte Wochen hat um Samschdeg op den éischte Bléck awer kaum Afloss op de bekannten Ecker. Ma d'Mëschung mat der Pandemie-Nervositéit hannerléisst op d'mannst emol an der Stad hir Spueren.
Tom Bellioun, Direkter LCTO:
„Et geet lues awer sécher biergop. Mee et ass sécher net dat, wat mer viru COVID-19 haten. An d'Wieder spillt och eng enorm wichteg Roll am Tourismus. Et ass aktuell keng gutt Kombinatioun vun deene verschiddenen externe Facteuren.“
Soss goungen Ugangs August emol 60 bis 70 Touren den Dag beim LCTO fort. Haut ass ee bei 10.
„Et mierkt een awer och, datt d'Clientèle just nach aus bestëmmte Länner kënnt an net weltwäit, wéi mer dat gewinnt waren.“
Besonnesch d'Business-Hotellerie ass a bleift nach eng Zäitchen d'Suergekand.
François KOEPP, Generalsekretär vun der Horesca-Federatioun:
„D'Business-Hotellerie wäert den Ament esou bei 30-35% dréinen. Nieft dem Business hu mer natierlech och Tourismus. Mee den Tourismus an der Stad mécht een Drëttel vun der Iwwernuechtungen aus. D'Geschäftsreesen ongeféier zwee Drëttel. Beim Tourismus hu mer den Ament e gemëschte Bilan. Déi méi kleng Betriber sinn zu 50-55% beluecht. Déi méi grouss leien hei just bei 30 bis 35%. Dat ass manner ewéi et normal ass zu dësen Zäiten.“
Fort aus der Stad – erop an d'Natur. Hei ass d'Situatioun eng ganz aner.
Elleng um Camping zu Bäerdref goufen dëst Joer 30.000 Iwwernuechtunge gezielt. E gutt Stéck méi ewéi 2019 – also pre-Corona. Och déi lokal Hoteller géifen dee Wand spieren.
Den Depart an d'Natur zu Lëtzebuerg dominéiert. D'Stad awer muss sech nach e bësse gedëllegen.