Coronavirus zu LëtzebuergVu 6.981 Tester waren der 115 positiv, keen neit Doudesaffer, 6.193 Leit geimpft

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 562 läit.
© RTL Archivbild

Aktuell si 72 Patienten hospitaliséiert, dovunner 14 (-3) op der Intensivstatioun.

E Mëttwoch kruten iwwerdeems 451 Persounen hir 1. Dosis vum Vaccin a 449 Leit hir 2. Dosis. Am Ganze sinn dat elo 6.193 Persounen, déi geimpft goufen.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,97. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO