
Aktuell si 13 Persounen hospitaliséiert, dovunner 2 op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 621.067 Impf-Dosisse genotzt. 2.915. Leit kruten e Méindeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 3.362 Persoune war et déi 2. Impfung.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,95. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.