PoliceVu Giwenech geflücht, mam Partner gestridden an dowéinst nees gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matgedeelt huet, gouf eng Patrull e Méindeg den Owend am Stater Gronn op eng Koppel opmierksam, déi nawell haart mateneen diskutéiert huet.
© Police Archivbild (Facebook)

Wéi sech bei der Persounekontroll géint 20.20 Auer erausgestallt huet, war déi Fra aus dem oppene Vollzuch zu Giwenech geflücht a gouf deementspriechend landeswäit gesicht. Zanter wéini d’Fra flüchteg war, gouf net präziséiert.

No enger medezinescher Ënnersichung an engem Attest, dass d’Fra an de Prisong kann, gouf si u Schraasseg iwwermëttelt.

Back to Top
CIM LOGO