Coronavirus zu LëtzebuergVun 1.381 PCR-Tester waren der 247 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.127 bliwwen ass.
© RTL Archivbild

Aktuell sinn 12 Persounen hospitaliséiert, ee Patient läit op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.290.517 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 355 waren ergänzend Dosen, wärend et bei 8 Persounen déi zweet Dosis war a bei 4 déi éischt.

D’Reproduktiounszuel läit bei 1,16. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO