Coronavirus zu LëtzebuergVun 1.692 Tester waren der 71 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé huet matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 834 läit.
© RTL-Archivbild

Aktuell sinn 30 Persounen hospitaliséiert, dovunner 8 op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 779.082 Impf-Dosisse genotzt. 115 Leit kruten e Méindeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 23 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,97. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

Back to Top
CIM LOGO