Coronavirus zu LëtzebuergVun 3.911 Tester waren der 15 positiv, eng Persoun op der Intensivstatioun

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, weiderhin onverännert bei 110 bleift.
© RTL-Grafik

Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vu 15 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganze 4.120.

Vun den Infizéierte sinn der 3.326 Residenten. Den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi positiv getest goufen, läit bei 45 Joer.

Den Duerchschnëttsalter vun den 110 Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 84 Joer. 56 Prozent si Männer, 44 Prozent Fraen. 66 Prozent vun den Doudesaffer sinn an der Klinick gestuerwen.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 148.014 Tester gemaach. An de leschte 24 Stonne goufe 3.911 Tester gemaach.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 54 aktiv Infektioune ginn an 3.956 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell si 15 Patienten (+1) hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 1 (+1) Patient ass aktuell op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 949 (+1) Mënschen d'Spidol nees verloossen.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,020. Wann den Taux ënnert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.

12 Persounen hu sech op privater Feier ugestach

12 vun de 15 Corona-Infektioune sinn op eng privat Party zeréckzeféieren. Luxtimes.lu hat dat gemellt, de Gesondheetsministère huet dat RTL vis-a-vis confirméiert.

Back to Top
CIM LOGO