
Am Ganze goufen tëscht 21.30 an 01.30 Auer 339 Automobilisten ugehalen, och ouni Indice op Alkoholkonsum. An 8 Fäll war den Test positiv. Fir 6 vun hinne ginn et juristesch Suitten, 2 kruten Avertissement-taxéen an 3 kruten de Fürerschäin nach op der Plaz ewechgeholl.
Wéi d’Police nach mellt, hat ee Chauffer zu Léiweng Droge konsuméiert. Och hei goufe juristesch Schrëtt ageleet.
Géint 00.50 Auer en Donneschdeg de Moien ass eng Policepatrull an der Stad op eng Automobilistin opmierksam ginn. Dës ass op der Héicht vum Boulevard Franklin D Roosevelt am Zickzack a Richtung Pont Viaduc gefuer a gouf gestoppt. Den Test war positiv an de Permis fort.