Coronavirus zu LëtzebuergVun 6.039 Tester waren der 109 positiv

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun den Doudegen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, bei 133 bliwwen ass.

Aktuell sinn 53 (+5) Leit hospitaliséiert, 3 Persounen dovunner leien op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den offiziellen Zuelen no aktuell 1.459 aktiv Infektiounen. 8.248 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,25.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO