Neit BëschgesetzVun elo un dierf ee Champignonen a Friichte legal plécken

RTL Lëtzebuerg
An der Chamber gouf dat neit Bëschgesetz um Mëttwoch eestëmmeg ugeholl.
Neit Bëschgesetz
Vun elo un dierf ee Champignonen a Friichte legal plécken

Mam neie Gesetz gëtt de legale Kader gesat, wat een an eise Bëscher dierf maachen a wat net. Zu Lëtzebuerg ginn et ronn 92.000 Hektar Bësch, déi zur Hallschent Privatleit gehéieren.

Den Accès an de Bësch war bis elo kee Recht, e Proprietär hätt ee kënnen erausgeheien, dat ass elo anescht. Och Friichten oder Champignonen huet bis elo net dierfen aus de Bëscher plécken. Eppes, wat elo awer legal ass.

Déi lescht Bestandsopname vun de Bëscher zu Lëtzebuerg huet gewisen, dass e groussen Deel krank ass. 60 Prozent vun de Beem wiere staark gestresst. Och heemesch Aarte wéi d’Buch géifen ëmmer mi ënnert dem Klimawandel leiden. Et misst een also alles drusetzen, fir eis Bëscher sou gutt et geet ze schützen, esou den Direkter vun der Naturverwaltung Frank Wolter.

Back to Top
CIM LOGO