Léon Gloden iwwert ImmigratiounsaffärWa gesetzlech Ännerungen noutwenneg sinn, gi se gemaach

Michèle Sinner
Den Innenminister Léon Gloden huet decidéiert, en Aarbechtsgrupp tëscht alle Ministèren op d’Been ze setzen, déi vun der Affär ëm frauduléis Immigratioun betraff sinn.
Affär ëm frauduléis Immigratioun: Minister erkläert sech
De Léon Gloden war um Freideg an der Mëttesstonn Live am Radio-Studio fir Detailer ze ginn wéi et nom Audit weider geet.

"Wa musse gesetzlech Ännerunge virgeholl ginn, da mussen déi och virgeholl ginn", esou de Léon Gloden am RTL-Interview. An der Prozedur fir eng Openthaltsgeneemegung fir "Gastarbeiter" aus Drëttstaaten, intervenéieren eng ganz Rëtsch Verwaltungen. Zum Beispill d’Adem, déi muss zertifiéieren, datt eng ausgeschriwwe Plaz net konnt duerch en Demandeur d’Emploi vu bannent der EU besat ginn. Mee och den Educatiounsministère, deen d’Diplomer homologéiert.

De Léon Gloden war um Freideg an der Mëttesstonn Live am Radio-Studio fir Detailer ze ginn wéi et nom Audit weider geet.

An deem Kontext sot de Léon Gloden, et misst een och iwwert d’Verdeelung vun de Chargen tëscht de Verwaltungen nodenken. De Moment decidéiert d’Direction de l’Immigratioun driwwer, op den Intérêt économique, fir esou eng Plaz ze besetzen, ginn ass.

"Si mir wierklech déi Verwaltung, déi am Fong den Intérêt économique kuckt? Misst dat net bei der Adem sinn? Si mir déi richteg Verwaltung, och fir Sproochenzertifikater ze analyséieren? Dat si Punkten, déi een zesumme mat deenen anere Kolleegen a Kolleeginne muss zesummeschwätzen”, esou de Léon Gloden.

Hien huet sech demonstrativ virun d’Mataarbechter vun der Direction de l’Immigration gestallt. “Heiansdo mengt een, et wier esou Generalverdacht op jiddereen, mee mir schwätzen hei vun enger klenger Zuel vu Beamten a bei eis schaffe bal 200 Leit an och d’Zuel vun Dossieren ass kleng.”

Am Ganze si bis elo 239 Dossieren, déi ënnersicht ginn, dat wieren 0,7 Prozent vun den Dossieren, déi an deem Departement traitéiert ginn.

De Léon Gloden war e Freiden de Mëtten Invité, fir iwwert d’Resultater vum Audit ze schwätzen, deen hie wéinst der Affär vun der Direction de l’Immigration gemaach huet.

Dobäi koum och eraus, datt d’Aarbechtslaascht gewuess ass, am betraffenen Departement. De Personalschlëssel hat awer net Schrëtt gehalen. Den Inneminister huet scho Remedur ugekënnegt: "Kuerzfristeg gëtt d'Personal gestäerkt. Mir wäerte Leit aus verschidden Departementer an dat do Departement huelen. Mir kréien dräi zousätzlech Poste geschaf an e weidere Poste fir d'Digitalisatioun.”

D’Digitaliséierung soll och dréngend viru gedriwwe ginn. De Moment sinn d’Prozesser nach net komplett informatiséiert. Et konnt och net genee verfollegt ginn, wien sech wéini wou ageloggt huet. Doriwwer eraus hat den Audit festgehalen, datt am Pabeierarchiv, jiddereen Zougang zu all Dossier hat, egal op een drop geschafft huet oder net.

Dozou sot de Léon Gloden: “Dat gëtt elo kuerzfristeg geännert, d'Zougangsrechter zu den Dossieren, datt d'Leit och just un déi Saache kommen, fir déi si zoustänneg sinn, an och datt eng ganz kloer Prozedur geschaf gëtt tëschent deene Leit, déi den Dossier analyséieren an déi déi dann d'Decisioun huelen.”

D’Auditeuren haten och festgestallt, datt et zwar kloer Prozedure ginn, mee se net net eenheetlech ëmgesat ginn. Et wieren nei Richtlinnen un d’Beamten erausgaangen, zum Beispill fir ze vereenheetlechen, wéi d’Beamten appreciéieren, ob den Intérêt économique am jeeweilegen Dossier ginn ass, oder net.

Back to Top
CIM LOGO