Wanderwee zu Lelleg bleift no déidlechem Tëschefall gespaart"Wann ech Bëscher hunn, muss ech déi och an der Rei halen", esou en Affekot

Pierre Weimerskirch
Zwee Deeg nom déidlech Tëschefall zu Lelleg stelle sech nach ëmmer vill Froen. D’Enquête leeft.
© Pierre Weimerskirch / RTL

Lelleg ass eng kleng Uertschaft mat knapp 250 Awunner. Ee vun hinnen erzielt, dass e Sonndeg ganz vill Ambulanzen op der Plaz waren a laang versicht gouf, de Mann vu 40 Joer ze reaniméieren.

De betraffenen Deel vum Wanderwee ass bis op Weideres gespaart, dat confirméiert de Buergermeeschter vu Manternach op RTL-Nofro. Um Mëttwoch géif een am Schäfferot decidéieren, wéi et viru geet.

Keng nei Erkenntnisser

Den Deel vum Bësch, wou et zum trageschen Accident koum, ass e Gemengebësch, dee vun der Naturverwaltung an der Rei géif gehale ginn, esou de Buergermeeschter Jean-Pierre Hoffmann. Bis ewell huet d’ANF (Administration de la nature et des forêts) keng offiziell Stellungnam geholl. Schrëftlech krute mir matgedeelt, dass een esou séier wéi méiglech op eis Froen äntwere géif.

Schrëftlech deelt den Ëmweltministère mat: “D’Ëmstänn ëm dësen Accident ginn zurzäit analyséiert. D’Resultater vun dëser Analys si richtungsweisend fir déi néideg nächst Schrëtt festzeleeën.”

Op Nofro schreift de Parquet um Dënschdegmëtteg, dass et zu dësem Ament keng zousätzlech Elementer géif ginn. Um Méindegowend hat de Parquet geschriwwen, dass een d’Police chargéiert hätt, den Oflaf vum Accident zu Protokoll ze huelen. Weider gouf preziséiert, dass de Mann mat senger Frëndin spadséiere war. Si gouf net blesséiert.

Kann et zu strofrechtleche Suitte kommen?

Als éischt misst elo gekläert ginn, ob et zu strofrechtleche Suitte kënnt, dat sot den Affekot Daniel Baulisch am RTL-Interview:

“Wann där elo keng kéimen, wou elo géif gesot ginn, et ass een Accident an dat do war elo net previsibel, et kann een dem Bëschbesëtzer do näischt reprochéieren, da wier et fir déi Famill nach net eriwwer. Natierlech kënne si indemniséiert ginn, mee da just um zivilrechtleche Plang, wou se awer do hir Rechter kéinte geltend maachen.”

Interview mam Affekot Daniel Baulisch
Wat sinn déi juristesch Konsequenze vum déidlechen Tëschefall zu Lelleg?

An esou engem Fall misst ee keng Plainte maachen, de Parquet hätt sech selwer saiséiert. De Maître Baulisch seet ergänzend, dass d’Famill sech awer och zu engem spéideren Zäitpunkt Partie civile kéint erklären:

“Da kéinte se och zum Beispill Devoire froen, bei der Staatsanwaltschaft oder beim Untersuchungsriichter gegeebenenfalls, fir datt se zu hirem Recht kommen.”

© Pierre Weimerskirch / RTL

“Wann ech Bëscher hunn, muss ech déi och an der Rei halen”

Et wier meeschtens de Proprietär, deen haftbar ass fir d’Beem, wa se beispillsweis morsch sinn, esou den Affekot.

“Wann ech Proprietär vun eppes sinn, vun engem Gebai, sinn ech dofir haftbar. A wann ech Bëscher hunn, muss ech déi och an der Rei halen. Dat ass esou. An dofir ass een och gutt geroden, eng Assurance ze hunn, falls esou Saache geschéien.”

Trëppeltour mat déidleche Suitten zu Lelleg

Back to Top
CIM LOGO