
Am Kader vun hirer Preventiounsstrategie setzen d'Police an d'Sécurité Routièere an hirer neier Campagne "Wanterzäit 2026" op Visibilitéit a gudden techneschen Zoustand vun de Gefierer, déi op eise Stroossen ënnerwee sinn. Bei Reen, Keelt an Niwwel wier dat besonnesch wichteg.
En vue vu schlechtem Wieder, dat d'Fueren op eise Stroosse méi geféierlech maache kann, soll ee sech vergewësseren, dass säi Gefier an der Rei ass. Dowéinst wäert bis Enn des Joers iwwerall am Land kontrolléiert ginn, mat enger repressiver Phas, déi bis Mëtt November wäert goen. Sollt een an dëser Zäit erwëscht gi mat engem Problem um Eclairage vun engem Gefier, ginn engem fënnef Deeg zougestanen, fir d'Saach an d'Rei ze bréngen. Anerefalls gëtt et e Protokoll.