
Et ass eng Aktioun vun der Asbl Aide aux enfants handicapés et défavorisés de Luxembourg (AEHDL).
Wéi all Joers sammele si Gezei a Schong fir Erwuessener, Jugendlecher a Kanner. Allerdéngs sinn och aner Textilien, wéi zum Beispill Handdicher, Bettwäsch, Rimmer, Hitt a Weideres wëllkomm. 90 Gemengeverwaltunge bedeelege sech un der Sammlung a stelle Camionen, Chaufferen a Mataarbechter bereet, fir auszehëllefen.