D'Klappjuegd geet nees lassWat ee maache soll, wann ee Wëld op der Strooss gesäit oder ze pake kritt

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg huet d'Saison vun der Klappjuegd ugefaangen. Déi dauert dëst Joer vum 14. Oktober bis de 17. Dezember.

An deem Kader maachen de Mobilitéitsministère, d’Sécurité routière an d’Jeeërfederatioun d’Participanten am Stroosseverkéier drop opmierksam, wärend där Zäit besonnesch virsiichteg ze sinn.

Automobiliste sinn opgeruff, d’Borde vun der Strooss gutt am Aen ze halen, besonnesch am Bësch an do wou Wëldpanneaue stinn, hir Vitesse z’adaptéieren.

Wann een e wëllt Déier op der Strooss gesäit, soll ee lues maachen, tuten an d’Luuchten - awer net d’Pharen - umaachen. Et soll een och drun denken, datt wëll Déieren dacks zu méi ënnerwee sinn.

Wann een eng Kollisioun net verhënnere kann, soll een net probéieren auszewäichen, mee d’Steier fest unhalen, fest bremsen an d’Trajectoire bäihalen. Wann een e Réi oder e Wëllschwäin ustéisst soll ee stoe bleiwen, de giele Gilet undoen, den Dräieck opstellen an d’Police ruffen. Et gëtt staark dovunner ofgeroden, e blesséiert oder doudegt Déier unzepaken oder ze réckelen.

Wärend Klappjuegte soll een natierlech och net op där Plaz spadséiere goen. Wou zu wéi engem Moment Klappjuegte sinn, fënnt een op geoportail.lu

PDF: Klappjuegd

Back to Top
CIM LOGO