GemengewalenWéi compatibel sinn haut nach Duebelmandater?

RTL Lëtzebuerg
Deputéiert a Gemenge-Conseiller, oder souguer Buergermeeschter. D'Diskussioun ëm Duebelmandater kënnt ëmmer nees no de Walen op.
Wéi compatibel sinn haut nach Duebelmandater?
Deputéiert a Gemenge-Conseiller, oder souguer Buergermeeschter. D’Diskussioun ëm Duebelmandater kënnt ëmmer nees no de Walen op.

Net manner wéi 44 Deputéiert vu 60 sinn dëse Sonnden an hire Gemenge fir e Mandat ugetrueden. An all goufe se gewielt. Esouguer 14 vun hinne wäerten déi nächst sechs Joer um Buergermeeschter-Stull sëtzen, respektiv hu grouss Chancen op dee Posten.

Déi Partei, déi bei wäitem déi meescht Député-Maire an hire Reien zielt, ass d’CSV. Villes déit drop hin, dat déi Chrëschtlech-Sozial aacht Duebelmandater op héchstem Niveau kréie kéinten.

Ee vun hinnen ass de Max Hengel vu Wuermer. Fir de 46 Joer ale Familljepapp ass et de Retour an e Liewe gespléckt tëscht dem Krautmaart an der Funktioun vum Gemengepapp, déi hien 2017-2020 schonn emol hat.

“Dat war vill Getässels”, sou den CSV-Politiker vun der Musel, deen - och wann en elo en Duebelmandat unhëlt - bei sengen Aussoe vu virun engem Joer bleift: “De Cumul vun de Mandater, muss en Enn kréien.” Dofir wier awer e breede politesche Konsens néideg.

Am selwechten Otemzuch schwätzt de Max Hengel d’Gemengefusiounen un. Wann een do nach weider kéim, dann hätt een automatesch manner Buergermeeschter. Da kéint ee kucken, wéi ee lokal an national Politik besser kéint kombinéieren.

Zwee Député-Maire hunn et net gepackt. Fir de Jean-Paul Schaaf zu Ettelbréck an den Emile Eischer, no ëmmerhi praktesch 30 Joer an der Funktioun vum Gemengepapp zu Clierf, geet d’Ära Buergermeeschter op en Enn. Den Aly Kaes war zu Tandel net méi ugetrueden.

Nieft der CSV hunn zwou weider Parteien Député-Maire an hire Reien. D’LSAP mat an de Gemengen Diddeleng a Suessem, de fest etabléierten Dan Biancalana a Simone Asselborn-Bintz. D’DP kéint um Enn vun de Koalitiouns-Verhandlungen op dräi Député-Maire kommen: d’Lydie Polfer an der Stad Lëtzebuerg, d’Carole Hartmann zu Iechternach an den André Bauler zu Ierpeldeng un der Sauer.

Klickt hei, fir op den RTL-Walsite ze kommen

Back to Top
CIM LOGO