National ËmfroWéi gutt ass d'Prise en charge vu Kriibs-Patienten zu Lëtzebuerg?

RTL Lëtzebuerg
Déi Fro steet am Zentrum vun enger nationaler Ëmfro vum Luxembourg Institut of Health, kuerz LIH an Zesummenaarbecht mam Gesondheetsministère.
© Pressmaster (Envato)

Am Kader vum zweeten nationale Kriibsplang gouf d’Ëmfro mam Numm “Colive Cancer” 2022 lancéiert. Éischt Resultater dovunner goufen e Méindeg publizéiert.

Alles an allem hu bis ewell ronn 300 Patienten den Online-Froebou ausgefëllt, fir méi Donnéeën ze sammelen iwwert ënner anerem hiren Diagnostik, Traitement, d’Prise en charge oder och nach hir Relatioun mam Gesondheetspersonal. Déi éischt Resultater déi elo public gemaach goufen, baséieren op den Temoignagë vun engem Grupp vun 100 Frae mat enger Altersmoyenne vu 50 Joer, déi entweder Broschtkriibs hunn oder haten.

Am grousse Ganze falen d’Resultater positiv aus, ma op verschidde Punkte wënsche sech d’Patienten Nobesserungen. Ugefaange beim Diagnostik: D’Kommunikatioun an och d’Ënnerstëtzung, déi d’Patientinne wärend deem kruten hu se mat 8 vun 10 bewäert. 80 Prozent vun de Participanten waren iwwerdeems zefridde mat den Informatiounen, déi se vum Fleegepersonal kruten, allerdéngs géifen et net genuch Explikatiounen iwwert d’Niewewierkungen ginn. Do ass also nach Nohuelbedarf.

Wat méigleche Support vun anere Professionellen ugeet hunn 80% vun de Participanten uginn, bei engem Psycholog gewiescht ze sinn, ronn 30% ware bei engem Kiné a ronn 20% a Sportcoursen oder bei engem Ernierungsberoder. Et misst een also weider op eng ganzheetlech Approche setze wat d’Soine vu Kriibspatienten ugeet, heescht et an den éischte Conclusioune vun dëser Etüd.

Vue datt dëst awer just éischt Resultater vun engem spezifesche Grupp vu Kriibspatiente sinn, maachen den LIH an de Gesondheetsministère awer och nach emol den Appell u Leit bei der Ëmfro op colivecancer.lu matzemaachen, fir méiglechst representativ ze sinn an d’Soine weider ze verbesseren.

Back to Top
CIM LOGO