Verschidden Iddie gi lo an den nächste Wochen duerch bestëmmten Aktivitéite fir grouss a kleng ëmgesat. Dës sinn Deel vun enger Aart Iwwergangsphas, bis dass d’Renovéierungsaarbechten op dem 2,5 Hektar groussen Terrain ufänken. Zënter 1997 ginn d’Gebaier zu Hollerech net méi als Schluechthaus genotzt a sinn zanterdeem an d’Jore komm. Dat soll sech erëm änneren, aus dem Schluechthaus soll en Treffpunkt ginn an de ganze Quartier opwäert ginn, d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer :
“Et ass fir d’éischt d’Valorisatioun vun deem Patrimoine Architectural, mer sinn hei op enger Plaz, wou wierklech industrielle Charakter huet, wou och Gebaier sinn, déi geschützt sinn. A wou awer anerersäits muss Liewen drakommen. Liewen, wat och an dee Quartier do passt. Wéi gesot, mir sinn hei op enger Plaz, wou vill Schoule sinn, wou ee Wunnquartier ass, do gehéieren also engersäits sportlech an anerersäits kulturell Aktivitéiten hinner. Da muss een dat esou organiséieren, dass et eng Plus Value fir d’Leit bréngt.”
Bei der Biergerbedeelegung wier erauskomm, dass dat neit Schluechthaus e Mix esou wuel aus sportlechen an awer och aus kulturellen Aktivitéiten ubidde sollt. Dat kënne Konschtatelieren, Musikstudioen, Pop-Up-Storen oder och eng nei Sportplaz sinn. Ma och fir Restauranten a Bare sollt Plaz sinn. Par konter hätten d’Leit sech explizitt dogéint ausgeschwat, dass den Atelier mat senge Concerten an d’Schluechthaus plënnert.
Mat all deenen Iddien am Hannerkapp gouf dann och een Architekteconcours lancéiert. Dës Woch dunn huet sech eng Jury zesummegesat a sech déi verschidde Propose ugekuckt.
“Et waren der 27, déi hiren Interêt gewisen hunn, de Jury huet der 6 erausgesicht an déi 6 déi wäerten elo konkret Projete virleeën, se hunn Zäit bis Mäerz, da kuckt de Jury sech dat un, da gi se ëffentlech gemaach an d’Leit kënne sech dat ukucke kommen an erëm mat abréngen”
Well d’Gebaier vum deemolege Schluechthaus ënner Denkmalschutz stinn, dierfe se net ofgerappt ginn. Fir d’Architekten heescht dat, dass se musse ronderëm bauen. Den ale Parking fir d’Bussen a Camione soll an d’Planung mat abezu ginn an den ale Quartier mam zukünftege Quartier “Porte de Hollerich” verbannen.