Vun Auto ugestoussWeiderliewe mat de Sequellen no engem Accident

Christophe Hochard
Am Juni 2019 gouf déi 35 Joer al Muriel Kurt vun engem Auto ugestouss.
Weiderliewe mat de Sequellen vun engem Accident
Am Juni 2019 gouf déi 35 Joer al Muriel Kurt vun engem Auto ugestouss.

Geschitt ass dëst um Wee op d'Aarbecht, op engem Zebrasträifen zu Diddeleng um Kräizbierg.

Bannent e puer Sekonne gouf dem Muriel hiert d'Liewen op d'Kopp gedréit. Eng Woch blouf si am Spidol. An där Zäit huet d'Mamm vun 2 Kanner nees misse léieren opzestoen an ze trëppelen.

D'Muriel Kurt ass Educatrice vu Beruff. Schaffegoe ka si den Ament net. Doheem ass d'Fra op d'Hëllef vun der Famill ugewisen.

Medikamenter anhuele gehéiert och zur jonker Fra hirem Alldag.

22 Mënschen hunn d'lescht Joer hiert d'Liewen op de Stroosse verluer. Iwwer 200 Leit goufe schwéierblesséiert. Si musse mat de Sequellë weiderliewen.

D'Muriel Kurt hofft elo zu Heidelberg gehollef ze kréien. Hei soll de futtisse Wierbel duerch eng Prothees ersat ginn. Dës Operatioun kann awer eréischt no der Coronakris duerchgefouert ginn.

Iwwregens e Sonndeg ass de Weltdag vun de Verkéiersaffer mat och enger Gedenkzeremonie hei zu Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO