LSAP-KongressWie gëtt neie Generalsekretär?

RTL Lëtzebuerg
D'LSAP wielt e Samschdeg op hirem Kongress zu Rued-Sir eng nei Partei-Exekutiv an eng nei Parteileedung.
© RTL-Grafik

U verschiddene Posten dierft sech näischt änneren, notamment un der Presidence.

Fir d’Poste vun der Presidentin a vum President kandidéieren nach emol d’Francine Closener an den Dan Biancalana, déi schonn zënter dem Mäerz 2022 zesummen un der Spëtzt vun der Partei stinn.

Méi spannend gëtt dogéint d’Wiel vum Generalsekretär.

Wie gëtt neie LSAP-Generalsekretär? / Reportage Dany Rasqué

Den Tom Jungen hält no méi wéi 5 Joer respektiv zwee Mandater op deem Posten op a fir seng Successioun ginn et zwee Kandidaten. Den aktuellen Tresorier Sacha Pulli, deen iwwerholl huet wéi d’Christine Schweich no de Gemengewalen zejoert hir Parteikaart zeréckginn huet, an de fréiere President vun de Jonksozialisten Amir Vesali.

Et sinn also d’Delegéiert, déi e Samschdeg mussen decidéieren, ob den nächste Generalsekretär genee wéi déi lescht Joren aus dem Südbezierk kënnt oder awer aus dem Norden.

Eent steet op alle Fall fest, déi zwee jonk Männer wëllen dee benevolle Posten iwwerhuelen an dës Personalfro huet sech net am Virfeld hannert zouenen Diere kläre gelooss.

D’Francine Closener verséchert awer: “Sträit gëtt et duerfir ganz sécher net”

Et kéint sinn, datt net all d’Memberen d’Situatioun esou harmonesch gesinn, wéi d’Co-Parteipresidentin. Am Interview mat RTL seet si, si wier frou, datt et zwou Kandidature vun zwee jonke motivéierte Leit géif ginn.

“Ech gesinn dat wierklech ganz positiv, well mer eben dann och vun deenen Zwee jo sécherlech héieren, wat hir Pläng sinn, wat hire Projet ass fir d’Partei. Dat kann eis jo nëmme weiderbréngen, wann zwee Leit sech Gedanke maachen, a wéi eng Richtung d’Partei sech sollt weider entwéckelen.”

Fir de Poste vun der Presidentin an dem President gëtt et just all Kéier eng Kandidatur. Dat heescht awer net, datt do net och méi Leit waren, déi sech wéilten engagéieren. Zu engem gewëssenen Ament war d’Paulette Lenert zum Beispill prett, fir Verantwortung z’iwwerhuelen, an de Georges Engel wier och gäre President ginn.

Et gëtt awer elo keng aner Kandidature fir d’Presidence, well déi aktuell Spëtzt wollt an der Kontinuitéit viru schaffen. Dat war net ëmmer esou kloer, mä seet d’Francine Closener, si an den Dan Bianclana wieren nach net fäerdeg mat der Re-Dynamiséierung vun der Partei.

“Et ass kee Geheimnis, datt ech mer am Ufank vum Joer iwwerluecht hunn, ob ech nach wéilt weidermaachen, well ech eben e Schäfferotsposten dobäi krut, well et no zwou Wale schonn zimmlech ustrengend war an ech mer iwwerluecht hunn, ob ech dat wierklech nach eng Kéier géif packen. Du koum déi ganz flott Campagne fir d’Europawalen an natierlech mat engem fantastesche Resultat an dat gëtt engem jo erëm ganz vill Opdriff.”

Den Opdriff soll elo bis Mäerz 2026 unhalen. D’Mandater, iwwert déi e Samschdeg ofgestëmmt gëtt, dauere bis dohinner. An 20 Méint dierfte sech dann déi Leit un der Spëtzt vun der Partei positionéieren, déi d’LSAP 2028 an déi nächst Chamberwale féieren.

Back to Top
CIM LOGO