Net ganz einfach fir déi bal 20 oppe Schwämmen hei am Land. Fir d’éischt e Summer mat strenge Covid-Mesuren an elo keng Visiteure wéinst de Wiederkonditiounen?
Bei guddem Wieder e Sprong an d’kaalt Waasser fir sech ze erfrëschen. Genee dat zitt am Summer vill Leit an d’oppe Schwämmen. Ma héich Temperaturen, domadder kann dëse Summer sech net bretzen. De permanente Wiessel vu Reen, Donnerwieder a Sonn, spiert een och hei an der Schwämm zu Réimech.
Eric Kauth, Schwammmeeschter an der Réimecher Schwämm:
“Mir haten dëse Summer bësse Pech mam Wieder, net de Summer, dee mir eis erhofft hunn. Mee wa gutt Wieder ass, ass den Undrang grouss. Haut e bësse méi roueg wéi déi Deeg virdrun. Mir haten awer scho mol 1-2 Deeg wou mir komplett voll waren.”
Ma och wann et bei schlechtem Wieder e bësse méi eidel wier, kéint ee sech ëmmer op d’Stammclientèle verloossen. Déi géife sech vun e puer Wolleken net ofschrecke loossen.
Och an der Réidener Schwämm waren d’Basengen dëse Summer e bësse manner besicht, obwuel rëm méi Visiteuren zur nämmlechter Zäit schwammen dierfen. Dobäi bréngt eng oppe Schwämm enorm Aarbecht mat sech. De Beräich bausse komplett zouloossen, wier hei awer net a Fro komm.
Wolfgang Maßmann, Responsabele vun der Réidener Schwämm:
“Für uns stand immer fest, wenn wir funktionieren wollen, dann als komplettes Bad mit dem Außenbereich. Wir haben ja auch einen Einzugsbereich bis weit nach Belgien rein. Die Leute kennen uns auch wegen der Vielfalt, die wir anbieten.”
Fir dass déi puer Deeg, wou d’Wieder dann och wierklech gutt ass, méi Leit d’Chance kréien sech ofzekillen, huet een zu Réiden eng Decisioun getraff.
"Um unseren Gästen entgegen zu kommen, verkaufen wir momentan keinen Tagestarif. Das heißt maximal 2:30 Stunden. Dadurch haben wir einen höheren Wechsel über den Tag.”
Och zu Réimech gëtt den Dag opgedeelt an allkéiers 3 Stonnen.
Um Samschdeg war de Maximum un erlaabte Visiteuren zwar net erreecht. Déi, déi do waren, hunn d’Sonn an d’Ofkillung awer besonnesch genoss.