ZeienopruffWien huet dëse Vëlosdéif gesinn?

RTL Lëtzebuerg
Geklaut gouf de Vëlo schonn den 8. November zejoert, dat an der Rue des Près zu Bouneweg. Elo huet d'Police en Zeienopruff mëttels Foto vum presuméierten Déif lancéiert.
© RTL

De Verdächtegen hat sech géint 7 Auer moies Accès zur Garage vun engem Gebai verschaf an hei de Vëlo, en "E-Horizon" vun der Mark "Bergamont" matgoe gelooss.

Wien nëtzlech Infoen zum Déif, zum Oflaf vun der Dot oder dozou, wou de Vëlo ass, huet, ass gebieden, sech bei der Police ze mellen. Dat ënnert der Nummer (+352) 244 40 1000 oder per Mail police.capitale@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO