"Safe Co-Housing"-BeweegungWunngemeinschaften zu Esch an Zukunft net méi méiglech?

RTL Lëtzebuerg
Hefteg Diskussioune ginn et an der Escher Minettemetropole wéinst enger Definitioun vum neie PAG, déi Co-Locatiounen an Eefamilljenhaiser verbidde wéilt.
"Safe Co-Housing"-Beweegung
Hefteg Diskussioune ginn et an der Escher Minettemetropole wéinst enger Definitioun vum neie PAG, déi Co-Locatiounen an Eefamilljenhaiser verbidde wéilt.

An anere Wierder, laut dem neie PAG, sollen nëmme méi Leit an Eefamilljenhaiser zesumme wunne kënnen, déi entweder Famill matenee sinn oder e “lien afectif” hunn. En Dar am A vu ville Leit, déi grad d’Wunngemeinschaft als intressanten alternativ zu den héije Logementspräisser gesinn, respektiv fir déi, déi och de Choix treffen, net eleng ze wunnen.

An deem Sënn huet sech entretemps zu Esch eng Anti-Beweegung gegrënnt ënnert dem Motto "Safe co-housing in Esch". D’Revendicatioune si kloer: D’Gemeng sollt déi Definitioun déi am PAG iwwer d’Co-Locatioun virgesinn ass zréck zéien!

Am Reportage, temoignéiere Locatairen a Proprietären iwwert d’Problematik vun där Definitioun. Erklären déi Realitéit mat där si déi leschte Méint iwwert confrontéiert goufen. An weise firwat si sech staark gemaach hunn. Mam Resultat datt d’Gemeng, wéi de Buergermeeschter eis am RTL-Interview confirméiert huet: de "lien afectif" am PAG wäert effektiv eraushuele loossen.

De But wier et gewiescht: WGen besser ze reglementéieren, an z’evitéieren datt Schlofhändler sech um Escher Territoire breet maache kënnen. Ma et géif een agesinn datt et duerchaus och éierlech Leit ginn, déi bewosst de Choix treffen zesumme liewen ze wëllen an deene wéilt ee keng Steng an de Wee leeën. D’Gemeng geet och de Wee seng Bierger iwwert all déi aner Reglementatiounen zu de Co-Locatioune via enger Broschür genee z’informéieren, well dës Diskussiounen hätten och zu vill Desinformatioun gefouert.

Back to Top
CIM LOGO